top of page

Litteraresche Cabaret
fir Erwuessener

Op dëser Säit fënns du déi nächst wichteg Datummer

Lët'z druddel! - Litteraresche Kabarä fir Erwuessener

D’Spille mat der Lëtzebuerger Sprooch, d’Verdréine vu bekannte Geschichten, d’An-d’Lächerlecht-Zéie vun agesiessene Gewunnechten a Klischeeën iwwer Männer am Baumaart a Fraen am Schongbuttek, Erliefnisser beim Dokter am Waardezëmmer oder deen allsäits beléiften Thema vun de Vakanzen, all dat ass Senges! De Marc Weydert, Lëtzebuerger Auteur a Laureat vum Concours littéraire national 2021 a vum Lëtzebuerger Buchpräis 2025 kënnt fir e lëschtegen Owend voller Ironie, Wuertwitz a Parodien bei iech a presentéiert seng Sammlung vun humoristeschen Texter a Lidder an engem gesellege Kader. Mat derbäi sinn och en neie Reenert, eng méiglech Fortsetzung vun der Maus Ketti, e Roude Léif, deen esou d’Flemm huet, datt hien d’Paart vum Colmer Schlass klaakt a senger Wee geet, fir eng nei Karriär unzefänken, an natierlech och den an der ganzer Welt bekannte Stengeforter “Jang”. Dauer: 90 Minutten.

Lëtz druddel Photo.jpg

24.10.2026

"Lët'z druddel!" zu Eschduerf an der Bibliothéik

Ufank: 19h30

25.10.2026

"Lët'z druddel!" zu Bieles am CIPA "Op der Waassertrap"

Ufank: 15h30

25.10.2026

"Lët'z druddel!" zu Stengfort am Bierger*Haus

Ufank: 19h00

27.10.2026

"Lët'z druddel!" an der Stad an der Erwuessebildung

Ufank: 19h00

28.10.2026

"Lët'z druddel!" zu Diddeleng an der ëffentlecher Bibliothéik

Ufank: 19h00

30.10.2026

"Lët'z druddel!" zu Mamer am Clubhaus "Am Brill"

Ufank: 19h00

bottom of page